No zwee Joer aus covidbedéngte Grënn goufen zu Kaiserslautern erëm d’Netzer gespaant. D’Cercelen aus verschiddene Stied uechter d’Europa waren nees am Start fir den begierten Intercercle-Pokal fir matheem ze huelen. Hei hunn si mat grousser Passioun an Häerzblutt Beachvolleyball gespillt a gekämpft. Um Enn konnten sech d’Ekipp aus dem Schwarzwald duerchsetzen: Freiburg (SLUF), Saarbrécken (LSS) op der zweet Plaz a Köln (LSC) déi drëtt Plaz.
Nieft den sportlechen Deel gouf och um Terrain och gedronk , wou d’Ekipp aus dem franséischen Elsass – Stroossbuerg (ALUS) – den Saufpokal gewonnen hunn . No der Kompetitioun konnten d’Leit zu Hohenecken owes ausklénge loossen an och feieren . Dëst all Héichpunkter kënnt Dir vu elo un als Aftermovie ukucken.