Eisen Stammdësch

Sou gutt wéi all Dënschden am Joer, ass ab 20 Auer eise Stammdësch am Witches. Hei verbréngt een sou munch Stonnen a gudder Gesellschaft, genéisst d’Studenteliewen a vergësst de stressegen Alldag. Bei engem kale Gedrénks kann een dann deen een oder aneren op eng Ronn Kicker, Darts oder Kaarten erausfuerderen. Bei dëser lëschteger Gesellschaft, huet och ëmmer een en oppent Ouer fir iwwert Problemer oder Gott an d’Welt ze philosophéieren, wat och mol méi laang dauere kann.

Witches
Steinstraße 26
67657 Kaiserslautern